Meta:Interlanguage links/lb

![]() |
Update required! This page needs to be updated. Synch this document to the original, Meta:Interlanguage links, to keep this up to date! Translate this template! |
- Kuck och interlanguage link (software feature) an Interlanguage use case; fir Wikipedia kuck bei w:Wikipedia:Interlanguage links.
Déi wichtegst Säiten um Meta sollten komplett op déi wichtegst Wikipedianersproochen an op déi wichtegst Weltsproochen, déi bis elo net genuch an der WP-Gemeinschaft vertrueden sinn (wéi Arabesch), iwwersaat ginn.
Wéi mecht een eng Iwwersetzung vun enger ganzer Säit
Wanns De eng ganz Säit wells um Meta beisetzen, dann iwwersetz fir d'éischt den Titel. Wann den Titel a béide Sproochen d'nemmlecht ass, da setz nach den Numm vun deer neie Sprooch dabei. Wann den Originalartikel op Englesch war an Voyage geheescht huet, da kéinst Du Voyage_(français) erstellen (ausserdeem kéinst Du den Originalartikel nach op Voyage_(english) réckelen ...). Setz ganz uewen op jiddwer Säit eng Lescht mat kuerze Linken zou deenen aneren Iwwersetzungen vun der Säit an deems De en Template wéi {{msg:VoyageMultiLingual}} mat Hellef vum Link http://meta.wikipedia.org/w/wiki.phtml?title=Template:VoyageMultiLingual&action=edit erweiders (oder erstells, wann et en nach net get).
Entscheed Dech fir een 'Elteren'-Artikel
Et helleft, wann een eng eenzel Versioun huet, déi emmer um neiste Stand ass; wann eng Lescht vun Donnéen zum Artikel gehéiert, da probéier am allgemengen déi Lescht op enger eenzelner Säit ze behalen, iwwersetz de Rescht vun der Säit an maach e Link zréck zu der Lescht op der éischter Säit. Wanns De net plangs, déi iwwersaate Säit ze verwalten oder hier Originalinhalter beizesetzen, da sollst Du am beschten eng Warnung uewen op der Säit beisetzen dat déi allerneisten Informatiounen op der [["original page"]] ze fanne sinn.
Et kann nëtzlech sinn eng Iwwersetzung unzefänken, och wanns Du d'Zilsprooche net flësseg beherrschs. Kuck dofir op d'Lescht vun den Iwwersetzer, wanns Du Hellef brauchs.
Fänk mat kuezen Deeliwwersetzungen un
Fir d'éischt, a well et esou vill z'iwwersetze get, kéinst Du Dech op d'Erstelle vun enger Iwwersetzungs-Säiteleescht fir Artikelen, déi Dech interesséieren, beschränken, sou wéi op déi op deser Säit. Huel eng Resumé vun ee bis zwee Sätz vum Inhalt vun der Säit an iwwersetz en an e puer Sproochen. Du kanns Babelfish als Hëllef benotzen. Dat hëlleft dann aneren déi Säiten ze fannen, déi se fir d'éischt iwwersat wëllen hunn, an et hëlleft och, d'Visiteure vum Meta dorun ze erënneren, datt et sech em e méisproochege Wiki handelt.
Erstell en Template:Namespace-Message fir d'Lescht vun den Deeliwwersetzungen, sou dass Du déi selwecht méisproocheg Säiteleescht op all iwwersate Säit benotze kanns. (Huel der des Säit an Template:News zum Beispill.)
Komplett iwwersate Säiten
Et ginn en etlech al Säiten, déi ganz gudd iwwersat goufen, ma déi desen Template net benotzen. Wanns Du der nach kenns, déi net an deser Lëscht stinn, da setz se w.e.g. bei.
Säiten, déi desen Template benotzen (vill ouni Säiteleescht; vill mat nach net op Meta iwwersaate Versiounen):
- Meta:Interlanguage links | Meta:Liens d'interlangue | Meta:メタウィキの翻訳 | Meta:Ligams d'interlenga | [[Meta:Interlanguage links (Lëtzebuergesch)
- Multilingualism
- Main_Page
- Meta:About
- Wikimedia News
- MediaWiki
- How to become a MediaWiki hacker
- MediaWiki architecture
Säiten mat interwiki Schabloun
Aner Säiten:
- Wikipedia Embassy ?
- MediaWiki Benotzer Hellefen: d'Säiten am Help namespace, ugefaang mat Help:Contents | déi am Hilfe namespace, ugefaang mat Hilfe:Handbuch
- MediaWiki roadmap ?
Kuck och ...
- Meta:Translation: Allgemeng Säit iwwer d'Iwwersetzen um Meta
- Meta:Translation/Coordination: Lescht vun méisproochegen Säiten
- Meta:Conventions for multilingualism: Wéi een Säiten an Kategorien nënnt|}